Direkt zum Inhalt
Mandy's Jump & Smile

JUMPING FITNESS

Iwwer mech

Salut, ech sinn d’Mandy!

Jumping® Fitness ass fir mech vill méi wéi just en Training – et ass meng Passioun.

Ech sinn zertifizéiert Jumping® Fitness-Trainerin an ech hu Freed drun, Leit duerch Beweegung, Musek a ganz vill positiv Energie zesummenzebréngen.

A menge Coursen huet jidderee säin eegent Trampolin, an zesumme gëtt gesprongen, geschweesst, gelaacht an natierlech och mol un déi eege Grenze gaangen. Et ass en effektive Ganzkierpertraining, deen d'Gelenker schount – mee meeschtens fillt et sech éischter wéi eng Party wéi wéi Sport un.

Egal ob mir op engem schéine Summerowend dobaussen sprangen, bei schlechtem Wieder dobannen trainéieren oder bei engem speziellen Event zesumme Gas ginn – gutt Musek, gutt Stëmmung an e grousst Laachen gehéieren ëmmer dozou.

Meng Jumping Community

Fir mech geet et net drëm, e groussen an anonyme Fitnesscours unzebidden.

Ech hu gär kleng Gruppen, bekannte Gesiichter an eng perséinlech Atmosphär, an där jidderee sech wëllkomm fillt – egal ob's du fir d'éischte Kéier um Trampolin stees oder scho méi laang mat mir spréngs.

Mir motivéieren eis, mir schweessen zesummen, mir laachen zesummen … an heiansdo froe mir eis den Dag drop, firwat eis Been nach ëmmer zidderen.

Fir mech ass et méi wéi just Fitness.

Et ass meng kleng Jumping Community.

E Cours buchen
Mandy coaching a jumping fitness session at sunset
The community after an outdoor class on the lakeside terrace